S T A R T E S K

Iwwer Eis

img

Klengen Transport Lang ass eng lëtzebuergesch Entreprise vun Habscht, déi 2014 vum Sven Lang gegrënnt gouf. Dank der Ënnerstëtzung vu sengem Papp Georges ass d'Entreprise an de leschte Joren ëmmer weider gewuess. Mat Fokus op engem zouverlässege Service duerch seng kompetent a méisproocheg Ekipp ass Klengen Transport Lang Ären Expert fir Transportservicer zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus. Iwwerzeegt Iech selwer vun eise Servicer a maacht nach haut ee Rendez-vous op der Plaz aus.

RENDEZ-VOUS HUELEN
Cargo

Eist Zil: Är Zefriddenheet

Als Transportdéngschtleeschter sti mir an direktem Kontakt mat eise Clienten a sinn eis bei all Optrag eiser Verantwortung bewosst, déi mir fir Äre Besëtz iwwerhuelen. Mir ginn ëmmmer alles a wëllen all Erausfuerderung mat Kompetenz, Prezisioun, Pénktlechkeet an Zouverlässegkeet meeschteren – onofhängeg dovun, ob et sech ëm ee klengen Transport, Plënneren oder eng ganz Geschäftsopléisung handelt.

Mir iwwerhuele Verantwortung

Niewent Ärer Zefriddenheet huet och sozial Verantwortung en héije Stellewäert fir eis. Fir eis ass et selbstverständlech, dass mir eis Ressourcen zum Beispill de Veräiner an eiser Heemecht gratis zur Verfügung stellen. A mir moossen och eis Aarbecht un dëse Standarden: Mir wëllen Iech zu jiddwer Zäit eng fair a korrekt Offer maachen, déi keng verstoppte Käschten enthält an déi un Är Besoinen ugepasst ass.